Delikatessen aus Portugal

De Kaf vun engem Wéngert viru véier Joer huet dozou gefouert, datt op Nummer 34 um Cloosbierg zu Déiljen elo ee klenge Buttek opgaangen ass. Nieft de selbstverständleche Wäiner stinn Delikatessen a Gourmetproduiten am Mëttelpunkt vu “Portuga”, dat vum Cindy Colaço a Vitor Queiros gefouert gëtt.

An der Géigend vun Evora am Alentejo gehéiert hinnen ee Wäibierg vun ongeféier zéng Hektar op deem ronn 40järeg Riewen wuessen, déi 2019 fir déi éischte Kéier vun den neie Besëtzer geliest goufen. An hirem Sortiment sti jeeweils dräi wäiss an dräi rout Wäiner, déi een och an dräi Kategorien astufe kann: liicht Wäiner fir ze genéisse bis hin zu kräftege Wäiner, déi bei engem méi deftege Menu passen. Erreecht gëtt dëst duerch déi verschidden Zäiten, an deenen d’Wäiner am Faass räifen.

Duerch d’Vermaartung vun de Wäiner hei zu Lëtzebuerg ass eng Nofro vun aner Produiten aus Portugal entstanen. Sou si mat der Zäit ëmmer méi Saache bäikomm mam Resultat, datt ee se all Dag vu Dënschdes bis Samschdes wärend festen Auerzäite kafe kann. D’Cindy Colaço an de Vitor Queiros beschränke sech net nëmmen op eng Géigend. An hirem Sortiment fënnt een nieft hire Wäiner och nach Wäiner aus anere Regiounen a Produiten ewéi zum Beispill Kéis, Fësch (Bacalhau, Sardinnen), Olivenueleg, Peffer, Salz, Nuddelen, frësch Eeër an Dekoratiounsartikele fir nëmmen déi Haaptsaachen ze nennen. Ergänzt gëtt d’Offer duerch ee breet gefächert Fleeschsortiment.

Ofschléissend bleift ervirzehiewen, datt ebenfalls Degustatioune bis héchstens aacht Persounen ugebuede ginn.

Weider Informatioune ginn um Internetsite www.portuga.lu an op Facebook https://www.facebook.com/portugawinegourmet