Erfollegräichen éischte Wantermaart

Nom Duerfmaart an dem Duerfpatt hunn d’Beeforter Duerffrënn mam Wantermaart een absolutten Héichpunkt am Beeforter Manifestatiounskalenner 2021 gesat. Laang gouf vun engem Wantermaart geschwat mee d’Beeforter Duerffrënn hunn Neel mat Käpp gemeet. De grousse Succès an déi vill positiv Réckmeldungen hunn hinne schliisslech Recht ginn. Ënnerstëtzung kruten d’Duerffrënn vun der Gemeng an de lokale Veräiner ewéi der Amicale vun de Pompjeeën, dem Äishockey, Judo, Gesangveräin, de Senioren, dem Syndicat d’initiative et du tourisme an der Kulturkommissioun.

Eng 30 Konscht- an Hobbystänn wäre mat hire Saachen am ale Beeforter Duerfkär an der Montée du Château vertrueden. Eng sëlleg Deko- a Geschenkiddeeën, eng Rëtsch regional Produkter, Chrëschtbeemercher frësch vum Beeforter Feld goufen ausgestallt. Fir Iessen an Drénke war selbstverständlech gesuergt. Zur Auswiel stoungen ënner anerem Träipe mat Purée an Äppelkompott, Kniddelen, Wierschtche mat Sauerkraut, eng Kaffisstuff, waarme Cassis, Glühwäin, Glühgin, Äppeljack a villes méi. Ofgesi vun e puer Stänn huet sech de gréissten Deel vum Wantermaart ënner Daach ofgespillt. D’Wieder konnt soumat kee Stréch duerch d’Rechnung maachen. Zemools den Iessberäich war och ënnert dem Daach an hei hunn de Romain Thielen a Claude Juchem fir Chrëschtmusek gesuergt. Déi grouss Léift zum Detail bei der Dekoratioun huet de ganze Site zu enger eemoleger Atmosphär verhollef. Besonnesch d’Kanner ware vun der liewensgrousser Krëppche begeeschtert.

De 17. November hunge schonns déi éischt Luuchte un de Fënstere vum Schmatt’s Haus. An de Wochen duerno gouf vill geschafft an an de verschidde Gebaier, virun allem an ale Ställ, am Hierdenhaus an aler Brennerei alles propper gemeet. Meterlaang Kabele goufe geluecht, kiloweis Stepps a Knascht gekiert a kilometerlaang Spawecken fortgemaach. De Wantermaart konnt een och als ee “Green Event” aklasséieren. Zum Asaz koum den neie Spullwon fir d’Veräiner, zwou Busnavette goufen organiséiert well et am Duerfkär keng Parkplaze gëtt an och den Offall gouf getrennt.

Den Dag selwer an déi Deeg duerno huet een nëmme positiv Saachen héieren. Op jidder Fall hunn d’Beeforter Duerffrënn bewisen, datt een trotz der net einfacher aktueller Situatioun Fester kann ënnert de sanitäre Mesuren organiséieren.