Medaille bei der Chorale Sainte Cécile

D’Cäciliefeier vun de Chorale Sainte Cécile Beefort souwéi “Sang mat Waldbëlleg-Haler” huet mat enger feierlecher Cäciliemass zu Beefort an der Kierch ugefaangen. An der Mass goufen eng Partie Sängerinnen a Sänger fir hire laangjäregen Asaz mat enger Medail ausgezeechent: 20 Joer (Sëlwermedail): Diana Antony-De Fouw a Guillaume (Willi) Schneider; 30 Joer (Goldmedail): Danielle Baden-Lobitz, Martine Denutte-Hansen, Guy Hanff, Jean Vossen an Henry Wickens; 40 Joer (Medail mat Palmetten): Eliane Donven-Seiwert, Hilda Schilling-Wewer, Alix Steines-Braun an Nicole Thielen-Seiwert; 50 Joer (Gold-Plaquette): Marie-Anne Weydert an Aloyse Weyler.

Den Organist Jean Schiltz ass dëst Joer mam “Chevalier de l’Ordre de Mérite” vum Kulturministère ausgezeechent gi fir säin iwwer 50 Joer laangt Engagement am Déngscht vun der Chorale Sainte Cécile Beefort. Him ee grousse Merci, datt hie sech ëmmer nees aus der Stad op Beefort déplacéiert huet fir d’Chorallen op der Uergel ze begleeden.

Den Alphonse Steines, de laangjäregen Dirigent, dee seng wuelverdéngte Pensioun ugetrueden huet, krut bei dëser Geleeënheet nach eng Kéier villmools Merci gesot fir Alles wat hien fir de Veräin gemaach huet a mat groussem Respekt gouf hien zum Éierendirigent vun der Chorale Sainte Cécile Beefort ernannt.

Ofgeschloss gouf d’Cäciliefeier am Restaurant “Le Cigalon” am Mëllerdall, wou bei engem gudde Maufel a Patt e puer gemittlech Stonne matenee verbruecht goufen.