Leader-Versammlung

Ee Méindegowend huet sech de LAG-Komitee vun der Leader-Regioun Mëllerdall zu Beefort am Kummelsbau getraff. Leader ass eng Initiative vun der Europäescher Unioun a steet fir “Liaison entre actions de développement de l’économie rurale”. Dëser Definitioun no soll Leader Verbindungen tësche Projeten an Acteure vun der Wirtschaft am ländleche Raum hierstellen. D’Ziel vu Leader ass et, Mënschen am ländleche Raum ze mobiliséieren an hinnen dobäi ze hëllefen, hir eegen Iddien ze realiséieren an nei Weeër ze probéieren.

Leader ënnerstëtzt sougenannt lokal Aktiounsgruppen (LAG). An dëse Gruppe schaffen déi ëffentlech Partner (Gemengen) a privat Partner aus de verschidde sozioökonomesche Sektoren zesummen. D’LAGs sinn, nom Bottom-up-Usaz folgend, fir d’Ausaarbechtung an d’Ëmsetzung vun de Strategie fir déi lokal Entwécklung verantwortlech.

An der Versammlung zu Beefort gouf den Aktivitéitsrapport 2019 virgestallt. Méi Informatioune zu der Leader-Regioun Mëllerdall ginn et ënner https://mu.leader.lu