Randonnée Müllerthal den 11. Oktober

Ee vun de wéinege Veräiner an der Beeforter Gemeng, déi hire zu Sëtz zu Déiljen hunn, ass de “Rando & Co Mëllerdall VoG”. Si hu sech de leschte Freideg am Café am Duerf getraff fir do hir alljährlech Generalversammlung ofzehalen.

“Rando & Co Mëllerdall VoG” huet eng Aktivitéit an dat ass d’Organisatioun vun der Randonnée Müllerthal. Si fënnt all Kéiers den zweete Sonndeg am Oktober statt an d’lescht Joer hu sech am Ganze 654 Leit bedeelegt. Déi meescht Leit si vu Lëtzebuerg koum (388), duerno Däitschland (109), Frankräich (86), Belsch (57) an Holland (14). D’Participanten hate mat hirem Vëlo/Mountainbike dräi Strecken zur Auswiel: 31, 38 a 56 Kilometer, de Wanderer stoung eng Streck vun eelef Kilometer zur Verfügung an och d’Kanner konnten um Kids-Tour vu siwe Kilometer matmaachen.

Dëst Joer gëtt d’Randonnée den 11. Oktober ausgedroen. Am Verglach zum leschte Joer ginn et Ännerunge wat de Streckeverlaf  betrëfft an doduercher kënnen d’Leit, déi matmaachen, nei Weeër kenneléieren. Des Weidere wäert den Départ beim Kiosk sinn an nët méi bei Jugendherberge ewéi et bis elo de Fall wor.

De Comité vu “Rando & Co Mëllerdall VoG” setzt sech zesummen aus Edith Bergman, Félicie Stangé, Renate Vrolijk, Henriette Groeneveld, Carlo Houdremont, Marc Reckinger an Alphons Haaker. Keesserevisorin ass d’Marian ter Heegde. De Roger Klein huet als Keesserevisor opgehalen an als Merci krut hien ee klenge Cadeau iwwerreecht.

Zum Schluss huet de Schäffen Emile Wies seng Freed ausgedréckt, datt et zu Déiljen nach een aktive Club gëtt an och an der Uertschaft selwer d’Generalversammlung ausdreet.