Amicale Beefort ënnerstëtzt Asbl Op der Schock

Bekanntlech hält d’Amicale Beefort mat hiren Aktivitéiten op an d’Suen aus der Keess, déi an de leschte Jore bei de verschidde Manifestatiounen ewéi d’Schlassfest an de Floumaart, ginn u verschidde Organisatiounen an nächster Zäit gespent.

Sou konnt gëschter Mëttwoch d’Asbl op der Schock mat Sëtz zu Réiden am Ganze véier Apparater entgéinthuelen an zwar jeeweils zwee Mixer a Schredder. Op der Schock setzt sech a fir Bedierfnisser vu Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung. D’Geräter hëllefen fir Pappmaché ze produzéieren, deen an de verschidden Ateliere verwennt gëtt.

Weider Informatiounen zu den Aktivitéiten ginn et op hirem Internetsite www.ods.lu