Äddi a bon Voyage

No néng Joer Zesummenaarbecht hunn de Serge Tonnar a Legotrip de leschte Freideg am Fly hire leschte Concert ginn. Virun zwee Joer hu se op der nämmlechter Plaz hire leschte Concert virum “Congé sans solde”, dee vum Januar bis September 2018 gedauert huet, ginn.

Nach während dem Concert huet de Serge Tonnar dem Publikum matgedeelt, datt et de leschte gemeinsame Concert wier mais iergendwéi huet kee sou richteg nogelauschtert oder et gegleeft. Iwwer Facebook huet de Serge Tonnar et den Dag drop nach eng Kéier den Enn vu Serge Tonnar a Legotrip bestätegt. Hei sinn dann d’Fotoe vum leschte Concert vu Serge Tonnar a Legotripp an dat lescht Lidd wor “Belsch Plaasch”.