Den Idiotendinner

Während fënnef Owender hunn d’Theaterfrënn Beefort d’Stéck “Den Idiotendinner” gespillt. Dëst Theaterstéck an zwee Akten vum Francis Veber gouf vum Guy Voncken a Renée Schill op lëtzebuergesch verfaasst.

De Verleeër Pierre Gloden a seng Frënn hunn een extravaganten Hobby. All Woch organiséiere si een Owesiessen mat dem jiddereen ofwiesselnd ee besonnesche Gaascht (een absolute Volltrottel) matbréngt, deen dann als “Spënner vum Owend” gewielt gëtt. D’Idiote selwer wëssen natierlech net, firwat si ausgewielt goufen.

Mam Finanzbeamten Albert Becker mengt de Pierre ee ganz besonnesche Glécksgrëff gemeet ze hunn. De Pierre huet sech allerdéngs een Hexeschoss gefaangen an den Owend fält an d’Waasser. Allerdéngs kënnt den Albert Becker ewéi ofgemeet bei de Pierre Heem fir op d’Owesiessen ze goen an d’Ongléck hëlt säi Laf…

Ënnert der Regie vum Eric Feront hu folgend Acteure gespillt: Patrick Goetzinger (Pierre Gloden), Dario Ballanti (Albert Becker), Yves Dostert (Juste Lambert), Josy Lenertz (Lucien Bock), Jenny Kiessling (Marlène Cousine), Kristin Sackmann (Christine Gloden), Ben Wagener (Dr Schumann) an de Jean-Luc Nosbusch (Lambretta um Telefon). Zoustänneg fir d’Bühn an den Décor waren d’Sonja Goetzinger a Christian Linares.

E puer Andréck vum leschten Theaterweekend agefaange vum Margot Flammang.