Den 8. an den 10. Juni sinn d’Päischtwanderungen

Mat enger Gedenkminutt un de kierzlech verstuerwene Marcel Juchemes huet de leschte Sonndeg d’Generalversammlung vun de Wanderfrënn Beefort am Kummelsbau ugefaangen. De Marcel Juchmes war während iwwer 30 Joer am Veräin an dovun 23 Joer laang als Caissier.

Uschléissend ass de President Pol Lamar op d’Aktivitéite vum leschte Joer agaangen an do stiechen natierlech déi zwou Päischtwanderungen ervir. Am Verglach mat 2017 sinn 2018 eng 100 Wanderer méi op Beefort komm. Am Ganze goufen 2112 Wanderer gezielt. Samschdeg hunn 38 Leit gehollef a méindes konnt de Veräin op 40 Fräiwëlleger zielen. Ënnerstëtzung koum och vun aner Veräiner an dat haaptsächlech aus der Fiels a Veianen.

Des Weidere gouf am September eng Rees op Annecy ënnerholl.

D’Wanderfrënn Beefort zielen 38 Memberen an eng zéng bis zwielef Leit huelen de Weekender un de verschidde Wanderungen uechter d’Land deel. Heinsdo si manner Memberen ënnerwee an heinsdo och méi. De Maximum gouf mat 20 Leit erreecht.

De Steve Dupont ass op de permanente Wanderwee P20 agaangen. Dësen ustrengende Wee vun zwielef Kilometer ass am Wanderwee B1 integréiert a geet vum Parking beim Schlass fort. Hie féiert laanscht Klaisgen-Kapell an d’Fielslandschaft vum Herkuleskapp. Duerno geet et weider duerch d’Naturbëschreservat Saueruecht an zréck geet et duerch d’Halerbaach an d’Haupeschbaach bis zum Parking. 320 Leit sinn d’lescht Joer dëse Wee marschéiert. Duerch d’Onwiederen am Juni war dëse Wee während zwee Méint zou. Fir dëst Joer hofft een d’Zuel vu 500 Leit ze erreechen.

Dank dem Succès vun de Päischtwanderungen konnt d’Joer mat engem Boni ofgeschloss ginn. A senger Funktioun als Sekretär ass de Ralph Berkes op d’Resultater vun den eenzelne Wanderer agaangen.

2010 gouf fir déi leschte Kéier de Membersbäitrag erhéicht an dat vun aacht op zéng Euro. Fir déi gestiege Käschten am Laf vun de leschte Joren ze decken a fir net un d’Reserven ze goen huet d’Versammlung eestëmmeg beschloss de Bäitrag op zwielef Euro ze erhéichen.

Am Laf vun der Versammlung sinn de Gilbert Alf fir 400 Wanderungen, Camille an Hanny Mathes fir 1000 Wanderunge geéiert.

D’Päischtwanderunge sinn dëst Joer den 8. an 10. Juni an et gouf elo schonns een Opruff gemeet fir genuch Fräiwëlleger ze hunn. Virbereedunge fänke schonns méindes virum Weekend un. D’nächst Joer feiert de Veräin seng 35 Joer an et gi sech sou lues Gedanke gemeet wéi een dëse Jubiläum ka feieren. Des Weidere soll ee sech och Gedanke maache wat de Comité ubelaangt. Fënnef Leit sinn austriedend an och wielbar. Nei Leit am Comité si wëllkomm.

Zum Schluss huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann nach déi beschte Gléckwënsch vun der Gemeng iwwerbruecht an un d’Leeschtunge vum Wanderveräin erënnert. D’Päischtwanderunge sinn een Aushängeschëld vu Beefort.

De Comité setzt sech zesummen aus Pol Lamar (President), Camille Mathes (Vizepresident), Ralph Berkes (Sekretär), Steve Dupont (Caissier) an Ursula Berkes, Anita Berkes an Nancy Dupont.