Vill Batteres séiss agepaakt

D’Zitat “Ein ganz klein wenig Süßes kann viel Bitteres verschwinden machen” staamt vum italieneschen Dichter an Humanist Francesco Petrarca, deen tëschen 1304 an 1374 gelieft huet. Hie gëllt als Matbegrënner vum Humanismus an zesumme mam Dante Alighieri a Giovanni Boccaccio als ee vun de wichtegste Vertrieder vun der féier italienescher Literatur.

Dat nämmlecht Zitat kann een op de Cabaret “Batter Séiss” iwwerdroen, déi de leschte Freidegowend op Invitatioun vun der Kulturkommissioun am Kummelsbau opgetruede sinn. “Wéi krank ass dat?” heescht den aachte Programm vum Ensembel, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet a vun den Actrice Vicky Wagner a Liette Wilgé zesumme mat den Acteure Gérard Heinen a Rob Wagner gespillt gëtt. D’Texter vun de Sketcher an de Lidder si vum Cabaret “Batter Séiss” a goufe geschriwwe vum Vicky a Rob Wagner.

Mat Texter a Lidder an tëschenduerch mat enger spatzer Zong hu si der Gesellschaft an de Leit am Sall de Spigel virun d’Gesiicht gehalen. Während dem Programm vun zweemol enger Stonn gouf zwar vill Gelaacht an awer och un d’Nodenke bruecht.