8.000 Joer alen Noper
Zu enger interessanter Konferenz huet den Natur- a Geopark Mëllerdall invitéiert. Am Kader vum “Loschbour Kulturtour” goufen d’Erkenntnisser iwwert de Loschbour-Mann vum Foni Le Brun-Ricalens, Direkter vum Centre national de recherche archéologique, hei zu Beefort presentéiert.
De Loschbour-Mann gouf 1935 um Fouss vun enger Höhl am Mëllerdall fonnt an et war eng grouss Sensatioun. Bis haut nach gëtt um Skelett gefuerscht an et gëtt een ëmmer méi iwwert de Mann gewuer. Den Numm Loschbour kënnt vun der Plaz, wou d’Skelett fonnt ginn ass an et ass och eng Baach, déi do an d’Schwaarz Iernz leeft. Et war de Charles Weber, deen op där Plaz archeologesch Ausgruewunge gemeet huet an d’Iwwerreschter an engem ganz gudden Zoustand fonnt huet.
No der leschter Äiszäit virun eng 10.000 bis 5.000 Joer ass d’Klima hei an Europa ëmmer méi waarm ginn an doduercher konnte sech d’Bëscher ausbreeden. An där Zäit koum et och zum Iwwergank vun der Liewensweis vum Mënsch: vum Jeeër a Sammler zum Ackerbauer. Aus de verschidden Analyse konnt een erausfannen, datt de Loschbour-Mann virun 8.000 Joer gelieft huet, ongeféier 160 Zentimeter grouss an eng 60 Kilo hat. Den Doudesalter gëtt tësche 34 a 47 Joer geschat. Mat enger Probabilitéit vun 99 Prozent hat hien schwaarz Hoer, donkel Hautfaarf (97 Prozent) a blo Aen (53 Prozent). Ënnersichungen hunn zudeem erausfonnt, datt haut lieweg Lëtzebuerger zwee bis dräi Prozent vum Ierfgutt vum Loschbour-Mann a sech droen.
Mat senge ronn 8.000 Joer gehéiert de ganz gutt erhalene Loschbour-Mann zu enger genetescher Referenz an der internationaler Fachwelt.