Kulturkommissioun on Tour

D’Kulturkommissioun vu Beefort huet den 2. September een Ausfluch an de Staater Gronn gemaach. Et war Konscht am Gronn ugesot, de Natur-Musée gouf awer och besicht souwéi d’Kierch vun der Schwaarzer Muttergottes. An der Abtei Neumünster huet d’Ekipp bei engem gudde Patt een Deel vun engem Jazz-Concert gelauschtert. Géint Mëtteg si si du mam Lift aus dem Gronn an d’Uewerstad, um Knuedler gouf gutt giess a wie wollt, huet en Tour iwwert de “Vide-Grenier” gemaach.  Alles an allem war et e flotten Dag.