Zweete Weekend vum Festival a Biller

Mat engem Concert vun de “Mëllerdaller Sound Devils” um Kiosk gouf de leschte Freideg de Weekend agelaut, dee rëm ganz am Zeeche vum Beaufort Festival stoung. Hei picke mer zwee Héichpunkten eraus: d’Liesung mat Musek “Your very own double crisis club” vum Désirée Nosbusch an dem André Mergenthaler samsdesowes an den Dag drop de Concert “Lux Eterna” vum André Mergenthaler an der Kierch. Dernieft war sonndes nach de Summermaart, de vum Syndicat d’initiative et du tourisme organiséiert gouf.