Éischt-Hëllef-Diplomer iwwerreecht

Am Kader vun enger klenger Feier goufen e Méindegowend d’Éischt-Hëllef-Diplomer iwwerreecht. 17 Leit hunn an der Zäit vum 12. Oktober d’lescht Joer bis den 1. Februar dëst Joer ënnert der Leedung vum Jean-Marie Schmitz déi richteg Handgrëffer an engem Noutfall geléiert.

Nieft dem Buergermeeschter Camille Hoffmann, der Schäffin Lily Scholtes an de Pompjeeë mam Alex Pereira un der Spëtzt huet och de Patrick Salvi vum Roude Kräiz un dëser Diplomiwwereechung deelgeholl.