Laangjäreg Mataarbechter geéiert

Zanter haut ass den Hotel Meyer, deen dëst Joer säin 90. Gebuertsdag feiert, erëm op an dat all Dag bis an de November. Eng vun den Traditiounen am Familljebetrib ass d’Personalfeier mat Éierunge, déi kuerz virun der Réouverture stattfënnt.

Gëschter Owend war et souwäit a bei Geleeënheet vun der gemeinsamer Feier krute folgend laangjäreg Mataarbechter ee Cadeau iwwerreecht: Antonio Alves de Oliveira (35 Joer), Joqui Gomes Fernandes (25 Joer), Céline Post-Eeckhout an Olivier Christen (20 Joer) an den Zeca Tinoco Fernandes (zéng Joer).