Neuroseg Zäiten am CNPB

Wéi empfänkt ee Besuch am Geckenhaus, ouni datt mierkt datt een a sou enger Anstalt ass? Déi Aufgab hat Agnes Adolon, Duechter vun enger räicher Hoteldynastie. Spontan huet d’Mamm vum Agnes hire Besuch ugekënnegt a si geet dovunner aus, datt hir Meedchen an enger Villa residéiert an net am Centre Neuropsychiatrique Beefort (CNPB). Kuerzfristeg mussen d’Agnes an hir skuril Matbewunner an der Wunngemeinschaft versiche sech ewéi normal Mënschen ze behuelen an domadder hëlt dat witzegt Verwechslungsspill säi Laf. Wien ass eigentlech verréckt a wat ass iwwerhaapt normal….?

“Neuroseg Zäiten” heescht d’Theaterstéck vu Winnie Abel, dat vum Roby Zenner op lëtzebuergesch iwwersat gouf a vun de Beeforter Theaterfrënn an hirem 20. Jubiläumsjoer gespillt hunn. Ënnert der Regie vum Eric Feront stounge folgend Acteure fënnef Owender op der Bühn: Gaby Bouhlel, Nancy Dupont-Courtois, Jen Kiessling, Marie-Ange Neves, Dario Ballanti, Yves Dostert, Patrick Goetzinger, Josy Lenertz, Christian Linares, Jean-Luc Nosbusch a Ben Wagener. An der Pësperkëscht souz d’Margot Flammang, d’Acteure goufe vum Salon Vicky geschminkt, d’Bühn huet de Christian Linares opgebaut a fir den Dekor war d’Sonja Switala zoustänneg.

Eng Fotosgalerie vum leschten Optrëtt am CNPB oder am Volleksmond “Kummelsbau” genannt.