Do you speak English?

Jo, si kënne lo Englesch schwätzen. Si, dat si siwe “Schüler”, déi un engem Englesch-Cours hei zu Beefort deelgeholl an organiséiert gouf dëse Sproochecours vum Mouvement pour l’Egalité des Chances – MEC asbl.

E Méindegowend gouf de Cours an der Hostellerie de Beaufort mat engem Iesse ofgeschloss. Aus den Hänn vum Patty Dupong, déi de Cours geleet huet, krute folgend “Schüler” een Zertifikat iwwerreecht: Romain Mangers, Marco Schmit, Jacqueline Kuijpers, Claude Bosseler, Aurélien Froidevaux, Delphine Georg a Viviane Majerus.

Ofschléissend hu si dem Patty Dupong nach ee Kado als Merci fir hir Gedold ginn.