Positiv Zuelen

Praktesch nëmme positiv Zuele konnt d’Presidentin vun de Beeforter Schlassfrënn de leschte Freideg am Kader vun der Generalversammlung an der Maison du Parc virstellen. Dank der Zesummenaarbecht mat der Agence GR-Ink gouf sech an der jéngster Vergaangenheet eng nei Identitéit ginn, déi nieft de neie Broschüren a Flyeren och den Internet mat de soziale Réseaue mat abezitt. D’Zuel vun de Follower op Instagram ass am leschte Joer vu 740 op 1000 eropgaangen an op Twitter een ähnlecht Bild: vun 135 erop op 190. Méi wéi verduebelt hu sech d’Likes op Facebook an zwar vun 2.330 op 5.100. Des Weidere goufen 2017 34.606 Visiteure gezielt, ee Plus vun 3,36 Prozent am Verglach mam Joer virdrun.

Am Verwaltungsrot ass et am Hierscht zu enger Verännerung komm. De Vizepresident a Vertrieder vun der Gemeng, Romain Thielen, huet sech bei de leschte Gemengewahlen net méi opgesat an ass esou ausgescheet. Neie Vetrieder vun der Gemeng heescht elo Jean-Luc Nosbusch an de Guy Hanff ass neie Vizepresident. Him an awer och all den anere Leit aus dem Verwaltungsrot huet d’Presidentin Merci gesot fir déi gutt Zesummenaarbecht an de vergaangene zwielef Méint.

Aus dem Aktivitéitsbericht vum Sekretär Georges Rischette sief e puer Héichpunkter ervirgehuewen: d’Visite vum Patricia Ward-Kelly (Wittfra vum legendäre Gene Kelly), Victor Alexandrovich Sorokin (Botschafter vun der Russescher Federatioun) zesumme mam Vladimir Sokolov (Direkter vum Centre culturel et scientifique de Russie au Luxembourg), Installatioun vun engem Wifi-Hotspot, d’MagiCastle Nights mat ronn 3000 Visiteuren, een neien Internetsite, Filmproduktiounen, e Reportage an der Revue vum Beeforter Grillmeeschter Luc Hoffmann um Schlass an zweemol ass ee Videoclip gedréint ginn: “Dat schwuarzt Gold” vum “De Läb” an “None of the above” vu Papa Roach, déi deemnächst solle verëffentlecht ginn. Dernieft goufe speziell Visite guidées ewéi zum Beispill “Castle K-Nights” a “Medieval Discovery” organiséiert.

Dank e puer Fotografe bei de MagiCastle Nights konnten immens flott Fotoe gemeet ginn a si droen hiren Deel zu der Publicitéit vum Beeforter Schlass bäi. Den nämmlechten Effekt erwaart ee sech mat der Verëffentlechung vun den zwee Videoclippen.

D’Keess, virgedroe vum René Champagne, huet mat engem Boni ofgeschloss an d’Keesserevisoren Jemp Winandy an d’Antoinette Fisch hunn d’Richtegkeet vun der Keess bestätegt an d’Versammlung ëm d’Entlaaschtung gebieden an deem ass se nokomm.

Bei den Haaptaktivitéite vun 2018 zielt den nächste Weekend d’MagiCastle Nights den 31. Mäerz an den 1. Abrëll. Dëst Veranstaltung krut seguer de Label fir d’”Année européenne du patrimoine culturel”. De 13. Mee ass den nationale Sängerdag an déi véiert Lidderfouer, déi vun der Ugda, dem Piusverband an dem Ineec organiséiert ginn, an erwaart ginn deen Dag eng 1.500 Sänger. Ee Mount méi spéit, de 17. Juni, ass um Schlass de russesch-lëtzebuergeschen Dag. De Weekend vum 7. an 8. Juli steet dat traditionellt Schlassfest um Programm a vum 3. bis de 15. August ass no zéng Joer rëm eng Kéier “Art in Beaufort”. Am Juni gëtt een neien Auto geliwwert a fir d’Familljen a Kanner ass den neie Kit pédagogique virgesinn. Fir d’nächst Joer ass een Open-Air-Theater iwwert de Jean Baron de Beck virgesinn. Mat de Concerte gesäit et bis elo schlecht aus. Trotz laangwierege Verhandlungen ass ee sech bis elo net eens ginn.

Bei der fräier Aussprooch goufen d’Toiletten ugeschwat, d’Heizung an den Daach vum Renaissance-Schlass grad esou ewéi d’Héihscheier.

De Verwaltungsrot setzt sech zesummen aus: Éierepresidentin: Anne-Marie Linckels-Volmer; Presidentin: Christiane Steinmetzer; Vizepresident: Guy Hanff; Sekretär: Georges Rischette; Trésorier: René Champagne; Memberen: Danièle Kohl-Stoffels, Patrick Sanavia, Magalie Tasch, Lily Scholtes a Jean-Luc Nosbusch. Keesserevisore sinn d’Antoinette Fisch a Jean-Pierre Winandy.