“Dinner on Ice”

Ënnert dem Motto “Moments of Life” organiséiert Sources Rosport regelméisseg een aussergewéinlecht Owesiesse vun gehuewener Gastronomie op enger ongewinnter Plaz. De leschte Samschdegowend stoung bei der fënnefter Editioun vun deem besonneschen Event d’Beeforter Äispiste am Mëttelpunkt.

D’Geschicht vu “Moments of Life” geet zréck op de September 2015 ewéi een eenzegaartegt Gewënnspill organiséiert gouf. Als Präis gouf et ee kulinarescht Owesiesse vum Renato Favaro an enger Gondel vum Riserad op der Schueberfouer mat Freedefeier. Weider Plaze waren herno eng al Scheier matzen an engem Feld net wäit ewech vu Berlé (Frank Manes), d’Breechkaul zu Bäerdref (Michaël Ollbrich), am Waassertuerm op der Burrigplaz zu Huldang (Frank Manes) an d’Esch/Schëfflenger Schmelz (Isabelle Weisen).

De gastronomesche Menü huet dës Kéier de Ben Weber mat senger Ekipp vum Gudde Kascht vun Haler zerwéiert. Als Entrée gouf Saumon ganz duuss mat bësse Knusper a senge Gréngs, als Plat Quasi vum Kallef, Muert verfeinert mat Muskavado a karameliséierte Nëss, Gromperepüree, Reduktioun vu Fleeschejus an zum Ofschloss ee Genoss ronderëm Zitrusfriichten opgedëscht. D’Kiche war an de Vestiairen ënnerbruecht an et war guer nit sou einfach de Menü esou wéi am Restaurant ze zerwéieren. Op der enger Säit war de Wee vun der Kiche bis bei den Dësch op der Äispiste zimlech wäit an duerch déi ganz kal Temperaturen ass de Menü séier ofgekillt.   

Am Virfeld hu sech d’Kandidaten op www.momentsoflife.lu ageschriwwen an d’Lous huet iwwer déi 20 Gewënner entscheet. Wärend dem Iesse gouf fir Animatioun gesuergt wéi zum Beispill eng Schlittschongleeferin bei der Entrée.

Ee puer Andréck vum äiskalen Owend: