3:4 no 3:0

Et war ee batteren Owend fir de Beeforter Äishockeyclub géint Tigers Turnhout. An enger zimlech aggressiver Partie (38:49 Minutte Strofzäit) huet den IHCB trotz engem 3:0-Virsprong nach 3:4 verluer.

Duerch Goaler vum Thierry Holtzem (9:22) a Claude Mossong (17:45) loung den IHCB nom éischten Drëttel 2:0 vir. Dee Virsprong konnt de Kai Linster direkt am Ufank vum zweeten Drëttel (20:53) op 3:0 vergréisseren. No gutt zwou weidere Minutte stoung et op eemol ganz aneschtes um Tableau. Kuerz nom 3:0 ass den 3:1 gefall (21:22) an da souguer den 3:2 (23:02). D’Heemekipp huet iergendwéi de Fuedem verluer an den Ausgläich (31:49) ass un d’Nerve gaangen.

Am leschten Drëttel hunn déi zwou Ekippe versicht de véierte Goal ze schéissen a wéi de Mätsch ëmmer méi no zum Schluss komm ass hunn d’Gemidder sech um Äis an op den Tribünen ëmmer méi erhëtzt mam Resultat, datt wéinst Onrouen ënnert den Zuschauer de Mätsch fir e puer Minutte missten ënnerbrach ginn. Den 3:4 fir d’Gäscht ass an der 56. Minutt gefall. D’Schlussoffensiv vum IHCB huet näischt um Resultat geännert.

Den IHCB ass elo op déi zweet Tabelleplaz gefall an den nächste Samschdeg steet den nächsten Auswäertsmätsch um Programm. Géint Tigers Turnhout…