Een äiskale Job

Zanter dëser Wantersaison huet de Syndicat d’initiative et du tourisme an der Persoun vum Jörg Becker een neien Äismeeschter. Den 28. Oktober ass d’Saison opgaangen an d’Virbereedunge fir dat neit Äis hu Mëtt Oktober ugefaangen.

An den éischten dräi bis véier Deeg goufen d’Bëtongsplacken ofgekillt. An de Bëtongsplacke leie kleng Réier duerch déi eng Soleflëssegkeet leeft. D’Soleflëssegkeet besteet aus engem Gemësch aus Waasser an enger Zort Frostschutzmëttel. Et si ronn 5.000 Liter, déi duerch déi kilometerlaang Réier am Beton fléissen an d’Soleflëssegkeet gëtt mat der Hëllef vun engem Ammoniak-Kreeslaf op Minustemperature bruecht. D’Killanlag huet zwee grouss Motoren, déi elektronesch gereegelt ginn. Ee Motor iwwerhëlt d’Haaptleeschtung a si zwee zesummen hu seng eng Auslaaschtung vu 150 Prozent an all Joer gëtt de Motor mat der Haaptleeschtung  gewiesselt.

Ee Bléck an de Motorraum vun der Äispist.

Nodeems de Fong vun der Äispist ofgekillt gouf, koum eng éischt Schicht Waasser drop. Soubal déi gefruer ass, koum eng zweet Schicht an esou weider. Eng Waasserschicht bréngt tëschen een an zwee Millimeter Äis. No ongeféier dräi bis fënnef Schichten kënnt déi nächst Etapp: d’Markéierung vun de Linnen. D’Linnen an de verschidde Faarwe ginn allerdéngs nit direkt op de Buedem gemoolt ewéi dat fréier de Fall wor. Hautdesdaags sinn d’Linnen aus Krepppabeier, deen op dat relatiivt dënnt Grondäis geluecht gëtt. Mat Waasser naass gemeet fréiert d’Pabeierband um Grondäis a bleift esou pechen. Och déi verschidde Fläche ewéi virum Goal zum Beispill ginn no dësem Prinzip opgefëllt. Dësen Deel vun der Aarbecht iwwerhëlt de Beeforter Äishockeyclub. Fréier gouf mat Kallek d’Äis méi wäiss gemeet mais duerno, wa bis d’Waasser am Fréijoer geschmolt ass, gouf et eng déck Sauerei. Haut gëtt dat mat enger Zort Mëllechpolver gemeet.

Soubal d’Markéierung agefruer ass kommen déi nächst Waasser- resp. Äisschichten bis d’Déckt vu gutt dräi bis véieranhalwen Zentimeter erreecht ass. Et hänkt allerdéngs vum Wieder an den Temperaturen of bis een op déi gewënschten Déckt kënnt. Bei killen Temperaturen dauert et logescherweis net esou laang ewéi bei Fréijoerstemperaturen an dësem Oktober. D’Äismaschinn u sech huet verschidde Funktiounen. Beim Driwwerfueren gëtt d’Äis mat engem schaarfe Messer gehuwwelt an de Schnéi, deen dobäi entsteet, kënnt an een Behälter vun der Maschinn. An engem zweete Prozess kënnt Waasser op d’Äis. D’Waasser fëllt d’Lächer an den Onreegelméissegkeete vum Äis. Den dënne Waasserfilm fréiert dann an d’Schlittschongfuerer kënne vun enger frëscher a glater Äisfläch profitéieren.

De Waassertank vun der Äismaschinn faasst och 700 Liter. Pro Tour ginn an der Reegel tësche 500 a 700 Liter Waasser verbraucht. Besonnesch vill Aarbecht gëtt et no engem Icekarting-Owend oder wann d’Äis muttwëlleg zerstéiert gëtt. Mam sougenannte “Kanadier” vun de Schlittschongleefer entsti Furche vu bis zu annerhallwem Zentimeter Déift an déi kënnen nit mat engem Tour vun der Äismaschinn gefléckt ginn. Besonnesch fir Ufänger ass et eng Gefor well si doduercher éischter fale kënnen.

Jee no Wieder an den Temperaturen dauert et méi oder manner laang bis ee rëm drop fuere kann. Ass d’Äis nach net fest an naass an et fiert een drop, da gëtt séier aus der ieweschter Äisschicht Matsch an et mécht een et esou futti. Dowéinst muss een heiansdo méi laang waarde bis d’Äis fest. Nieft de waarmen Temperature spillt de Wand och eng grouss Roll. Um Äis läit eng kal Loft an de Wand bléist déi fort an amplaz kënnt dann déi aktuell Baussentemperatur. Wann déi och nach waarm ass, dann dauert et och rëm méi laang bis d’Äis fest ass.  

De Jörg Becker fänkt moies tësche 7.15 a 7.30 Auer un an zu den éischten Aufgaben zielen d’Maschinn mat Waasser fëllen, d’Äis huwwelen a frësch maachen. Zemools laanscht d’Säiten gëtt et vill Aarbecht. Déi meescht Schlittschongfuerer fuere laanscht d’Bande an do ass Äis zimlech ofgenotzt. Des Weidere bilt sech bei waarme Temperature Kondenswaasser laanscht d’Bande an dat leeft erof op d’Äis, wou sech dee Moment kleng Hiwwele bilden. Dann heescht et sou dacks ze huwwele bis d’Äis op dëser Plaz rëm gläichméisseg mam Rescht vun der Äisfläch ass. Wann dat bis fäerdeg ass da geet et weider an den technesche Beräich wou Reperaturen duerchgefouert ginn. Nom Tour gëtt de Schnéitank eidel gemeet, d’Maschinn mat Waasser opgefëllt a mat Waasser gebotzt.

Nom Äismaache gëtt d’Maschinn direkt mat Waasser opgefëllt a während d’Waasser leeft gëtt d’Maschinn vu Schnéi an Äis propper gemeet.

Zu de weideren Aufgabe vum Jörg Becker zielt och d’Schlittschong schläifen. Hei ass an der Chrëschtvakanz déi meeschte Vakanz. Fir Chrëschtdag leien dacks nei Schlittschong ënnert dem Chrëschtbeemchen an déi musse geschlaff ginn. Mais och Leit, déi onreegelméisseg fueren, gesäit een éischter an der Chrëschtvakanz fueren ewéi zu den aneren Zäiten vum Wanter an dann heescht et meeschtens fir d’Schlittschong nei schläifen ze loossen.     

Wie Loscht an Zäit huet mat der Äismaschinn ze fueren, dee kann dat als een Niewenjob maachen a sech beim Syndicat d’initiative et du tourisme mellen. Et ginn ëmmer Leit fir dës Aufgab gesicht.