E puer flott a gemittlech Stonnen

De Schäffen- a Gemengerot an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun vum Drëtten Alter vun der Gemeng Beefort an de Beeforter Senioren huet gëschter Sonndeg op eng “Journée 55 +” an de Kummelsbau invitéiert. Ageluede ware sämtlech Awunner iwwer 55 Joer mat hirem Partner.

Bei Kaffi, Taart an engem gudde Pättche konnt jiddereen an enger flotter Gesellschaft e puer flott a gemittlech Stonne verbréngen. Fir Animatioun huet den Ee-Mann-Orchester Nico Haupert gesuergt an zum Schluss gouf et nach eng Eil aus Keramik als Cadeau.