De Generalist vum Sozialen

En Dënschdegowend goufen d’Raimlechkeete vum regionalen Office Social vun de Gemenge Beefort, Bech, Bäertref, Konsdref a Reisduerf offiziell ageweit. Zanter dem Juni sinn d’Büroen op enger neier Adress an zwar op Nummer 6, rue de l’Auberge, der fréierer Jugendherberge also.

Zanter dem 1. Januar 2011 huet ee Sozialamt een neit an erweidert Aufgabegebitt an huet net vill mat deem gemeinsam, wat ee fréier als Aarmebüro bezeechent huet obwuel d’Haaptgebitt sech ëm de finanziellen Deel dréit. Haut kann een d’Sozialamt als eng Zort Generalist vum Sozialen an all Problematik betruechten, den éischten Uspriechpartner bei Problemfäll souzesoen.

D’Gesetz gesäit vir, datt et pro 6.000 Awunner een Office Social gëtt. An de Stied ass dat kee gréissere Problem mais am ländleche Raum di sech Gemengen zesummen a schafen ee regionaalt Sozialamt ewéi dat hei zu Beefort de Fall ass.  

Jiddereen, deen an enger vun de fënnef Gemenge wunnt an iwwer 18 Joer huet, ka beim Office Social Hëllef froen an ënnert der Telefonsnummer 26 87 60 54 – 1 ee Rendezvous fixéieren. Folgend Beräicher zielen ënner anerem zum Aufgabeberäich: Iwwerfuerdert si mat der eegener Situatioun, keng Organisatioun am Alldag, Mobbing oder Kanner gi gemobbt, Chômage, kee Logement, Verständnisproblemer mat de Bréiwer vun de Verwaltungen oder aner Servicer, asw. Den Office Social ass zwar een Uspriechpartner an hie guidéiert d’Leit mais besuergt awer keng Wunneng oder Aarbecht. Dofir ginn et speziell Institutiounen ewéi zum Beispill d’Aarbechtsamt.  

Aus der laangjäreger Erfahrung wëssen d’Mataarbechterinnen, datt d’Leit dacks ze spéit, vill ze spéit op de Büro kommen. An deem Sënn an als Präventioun wier et fir jidderee besser, sech éischter beim Sozialamt ze mellen. Besser sechs Méint ze fréi kommen ewéi ze spéit. Den Office Social schafft mat ville Servicer zesummen a kann d’Leit esou duerch déi breet gefächert Offer guidéieren an orientéieren. D’Begleedung kann iwwer eng länger Zäit goen, seguer iwwer Joren. Wichteg ass et awer, datt ee selwer een Effort an den éischte Schratt mécht. De Wëlle muss do sinn. Dat Ganzt geschitt op fräiwëlleger Basis an de Service ass gratis. D’Mataarbechterinnen hunn eng Formatioun vum Roude Kräiz a si ënnerleien dem Secret professionell. Dat wat am Büro beschwat gëtt, bleift och dobannen.

Am Office Social schaffen aktuell d’Tania Pautler-Lanners (Sekretärin), d’Pia Delli Zotti  (Receveur), d’Jenny Martins a Leslie Matuszewski (béid Assistante sociale). Mam Jenny Schandeler kënnt vum 1. Dezember 2017 eng weider Assistante sociale bäi. De Conseil d’administration setzt sech aus fënnef Memberen zesummen, déi hir jeeweileg Gemeng vertrieden: Marc Reckinger (Beefort a gläichzäiteg Präsident vum Office Social), Charles Bingen (Bäertref), Christian Friden (Bech), Jean Ries (Konsdref) a Raymond Serres (Reisduerf).

Geschafft gëtt all Dag op Rendezvous aus donneschdes vun 10 bis 12 Auer wann eng Permanence ass. Eemol pro Woch (méindesmëttes) ginn et och Rendezvousen zu Konsdref. D’Telefonsnummer ass ewéi schonns gesot de 26 87 60 54 – 1 an am Noutfall ausserhalb den Ëffnungszäite gëllt d’Helpline vum Roude Kräiz 2755. Weider Informatioune ginn et um Internetsite www.officesocial-beaufort.lu.

Wéi wichteg een Office Social ass huet de Patrick Salvi, “directeur social” vum Roude Kräiz bei der Ouverture ënnerstrach. Uganks November huet ee schonns mat iwwer 1000 Rendezvousen d’Zuel aus dem ganze leschte Joer erreecht.