D’Äispist geet dëse Samschdeg op

Dëse Samschdeg, den 28. Oktober, ass et souwäit. Um 11 Auer geet d’Äispist op a bis e Samschdeg, de 4. Mäerz 2018, kann een hei Schlittschung laafen oder mam Icekart fueren. D’Äispist ass op dënschdes vun 13 bis 18 Auer, mëttwochs vun 13 bis 19 Auer, samschdes vun 11 bis 19 Auer a sonndes vun 10 bis 19 Auer. Méindes bleift d’Äispist zou, ausser an der Schoulvakanz. An der Chrëschtvakanz vum 16. Dezember 2017 bis den 1. Januar 2018 ziele folgend Auerzäiten: all Dag vun 11 bis 19 Auer, de 24. an 31. Dezember vun 11 bis 16 Auer an op Chrëschtdag bleift zou.

Fir gréisser Gruppen a Schoulklasse kann op Nofro d’Äispist dënschdes bis freides vun 8 bis 12 Auer opgemeet ginn. Des Weidere ginn dënschdes an donneschdes Course fir Erwuessener a Kanner ugebueden. Méi Informatioune ginn et hei ënnendrënner oder beim Syndicat d’initiative et du tourisme ënnert der Telefonsnummer 83 60 99 301.

Mat der Ouverture vun der Äispist geet och d’Saison fir den IHCB un. Sou wéi d’lescht Joer spille si och dëst Joer rëm an der Division 1 vun der belscher Liga. D’lescht Joer hu se als Vizechampion d’Saison ofgeschloss. Dëse Samschdeg ass um 20 Auer och hiren éischten Heemmätsch géint Olympia Heist op der Berg. D’Saison huet schonns den 29. September ugefaangen an op der éischter Plaz stinn d’Chiefs Leuven, déi all hir véier Mätscher gewonne hunn. Hei ënnendrënner ass de Spillplang vum IHCB an de komplette Spillplang vun der Liga fënnt een ënnert dësem Link.

An der Buvette ass elo de Pizzeria-Snack “De Puck by Ballanti”. Den Dario Ballanti féiert nët méi de Restaurant bei der Reitschoul mais hien ass elo ausschliisslech op der Äispist. Seng aktuell Informatiounen stinn op sengem Facebook-Site “De Puck by Ballanti”.