Dräi nei Elterevertrieder am Schoulcomité

Et war eng vun de beschtbesichte Generalversammlunge vun der Beeforter Elterevereenegung, déi gëschter Owend am Kummelsbau ofgehale gouf. De Comité mat der Presidentin Stéphanie Scholtes-Goncalves, der Vizepresidentin Carole Bintener-Schaffner, der Caissière Sonia Bras an den zwou Sekretärinnen Vanessa Barbosa-Reuland an Nathalie Albert-Kremer huet de Bilan vum Schouljoer 2016/2017 gezunn.

Zu den Haaptaktivitéiten zielen de 15. September 2016 de Schoulufank 2016/2017, den 2. Oktober d’Kiermes mat engem Second-Hand-Floumaart fir d’Kanner, den 21. Oktober d’Generalversammlung, de 5. Dezember de Kleeschen, den 2. Februar Liichtmëssdag, de 5. Februar ee Kannerfuesbal, de 5. Mäerz Buergbrennen zesumme mat aner Veräiner, de 26. Mee eng Anti-Drogen-Rallye zesumme mat der Schoul vu Waldbëlleg an zum Ofschloss vum Schouljoer de 14. Juli ee grousst Schoulfest. Des Weidere hu si d’Schoulpersonal bei der Coupe scolaire den 28. Juni ënnerstëtzt.

Zanter dësem Schouljoer gëtt et kee Reliounsunterrecht méi an der Schoul an d’Elterevereenegung huet et fäerdeg bruecht hei zu Beefort ee Reliounsunterrecht ze organiséieren an dat donneschdes vu 17 bis 18.30 Auer am Kummelsbau. Eng Revisioun vun de Statute gouf an d’Weeër geleet a geschwënn wäert sech d’Elterevereenegung als eng Asbl funktionéieren.

De Keessebericht huet dëst Joer mat engem Boni ofgeschloss an d’Richtegkeet vun der Keess gouf vun de Revisorinnen Tanja Weis a Jutta Reusch bestätegt.

Ee Merci goung un d’Gemeng, dem Syndicat d’initiative et du tourisme, dem Léierpersonal, den Duerfveräiner a virun allem de Pompjeeën an den Elteren.

Dräi vun de urspréngleche véier Kandidaten als Elterevertrieder waren an der Generalversammlung present an esou sinn d’Sonia Bras, d’Anne Kohl-Kortum an d’Jeannine Meyers-Modert gewielt ginn. Laut dem Gesetz sinn op mannst zwee Elterevertrieder virgesinn an d’Versammlung huet sech op déi dräi Kandidaten gëeenegt. D’Prozedur vun de Wahlen huet d’Presidentin vum Schoulcomité Betty Helminger erkläert an duerchgefouert.

Zum Schluss huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann d’Aarbecht vun der Elterevereenegung gelueft an ofgeschloss gouf d’Generalversammlung mat enger klenger Stäerkung.

De Comité zesumme mat den dräi Elterevertrieder (v.l.n.r.): Sonia Bras, Vanessa Barbosa-Reuland, Anne Kohl-Kortum, Carole Bintener-Schaffner, Stéphanie Scholtes-Goncalves, Nathalie Albert-Kremer an d’Jeannine Meyers-Modert.