Schoulfest 2017

D’Elterevereengung Beefort mat der Ënnerstëtzung vun den Dagesmammen, der Gemeng a ville fräiwëllegen Elteren hunn de leschte Freideg zum Ofschloss vum Schouljoer 2016/2017 an den Ufank vun der Summervakanz d’Schoulfest organiséiert.

Um 16 Auer huet d’Kanneranimatioun um Kiosk ugefaangen an d’Kanner haten d’Auswiel tësche Bobbycars-Parcours, Rollenrutschbahn, Waasserbaustell, Powerwall, Airbrush Tattoo, Sprangschlässer, Pirate Shooter, Seefekëschten, Gesellschaftsspiller, Jongléieren a villes méi.

Selbstverständlech war och fir Iessen an Drénke gesuergt ewéi zum Beispill Pizza, Gyros, Spezialitéite um Grill, Eisekuchen an Zockerwatt.

Leider huet de Reen der flotter Manifestatioun ee fréizäitege Schluss gemeet mais dat Fest war nit nëmme fir d’Kanner ee flotten Dag. De Kanner eng schéi Vakanz gewënscht a bis spéitstens e Freideg, de 15. September.