Jonk Vëlosfuerer ënnerwee

Nit vill Chance mam Wieder hate gëschter am fréien Nomëtteg ronn 65 Kanner aus dem 5. a 6. Schouljoer. Et huet ee bësse gereent an d’Stroosse woren naass an dat wore keng ideal Conditioune fir d’Coupe scolaire ze fueren.

Ënnert der Opsiicht vum Léierpersonal, den Elteren an der Police vun Iechternach hunn déi jonk Vëlosfuerer de prakteschen Deel vun Coupe scolaire gemeet. Beim theoreteschen Deel kréien d’Kanner d’Regele vum Code de la route erkläert an dee Cours gëtt mat engem Test ofgeschloss. Am prakteschen Deel gëtt d’Ëmsetzung vun de Regelen am Stroosseverkéier bewäert. Déi bescht Vëlosfuerer huelen dann un der grousser national Final deel.

D’Coupe scolaire gëtt iwweregens vun der Sécurité routière an Zesummenaarbecht mat de Gemengen, dem Léierpersonal an der Police Grand-Ducale organiséiert.