International Mullerthal Summer Cup

D’Äispist stoung de leschte Weekend ganz Zeechen vum Judo. Beim “International Mullerthal Summer Cup” hu sech e Samschdeg ab 9.30 Auer jonk Meedercher a Bouwen aus enger Rei Länner an de verschiddene Kategorien gemooss: U9, U11, U13, U15 an U18. Tëschen de Joren 2000 an 2010 sinn dës jonk Sport op d’Welt komm.

Et wor eng ganz speziell Atmosphär bei de Wettkämpf. Normalerweis gesäit een de Judosport an enger Sportshal mais hei wor et op Äispist. Obwuel se iwwerdaacht ass koum dat Gefill vun Open Air op an et huet sech praktesch ewéi dobausse gefillt.

Elteren, Traineren a Clubkomeroden hunn déi jonk Sportler ënnerstëtzt a gehofft, datt se zum Ofschloss vum Dag mat enger Medail den Heemwee untrieden. Nit jiddereen ass e Samschdeg nom Turnéier Heem gefuer. E Sonndeg stoung da fir verschidde Leit nach ee Trainingscamp um Programm.

E puer Andréck vum Jugendtournéier: