Sportlech Autoen zu Beefort

Wien ee Samschdeg den Owend oder ee Sonndeg de Moien beim Hotel Meyer laanscht gaangen oder gefuer ass, dee konnt eng Rei britesch Oldtimeren gesinn. De British Sports Car Owners Club huet seng traditionell Sortie (British Sports Car Days 2017) gemeet an dëst Joer stoung Beefort am Mëttelpunkt.  

E puer Andréck vun den Autoen a weider Informatiounen zum Club fënnt een op hirem Internetsite www.bscoc.lu