Guiden a Scouten hu sech zu Beefort getraff

D’Lëtzebuerger Guiden a Scouten (LGS) hu sech virgëschter Owend zu Beefort getraff, déi vun der Gruppenekipp zesumme mam lokale Grupp Frère Roger vu Beefort organiséiert gouf. Esou een Evenement fënnt zweemol d’Joer uechtert d’Land bei de lokale Gruppen statt, eng am Hierscht an eng am Fréijoer a gëtt „Renconter fir Chef a Gruppechef“ genannt.

D’LGS sinn opgedeelt a verschidden national Ekippen, déi sech em verschidden Beräicher këmmeren. D’Gruppenekipp ass déijéineg déi fir déi lokal Gruppen zoustänneg ass an d’Formatioun gëtt fir déi Leit, déi lokal Verantwortung iwerhuelen, sprëch Gruppechef wëlle ginn. All Ekipp huet u senger Spëtz ee Commissaire an en Adjoint; d’LGS hunn un hirer Spëtz ee Commissaire général an ee Commissaire général adjoint. D’Exekutiv vun de LGS gëtt Comité genannt, wou all d’Commissaire dran vereent sinn, an deen presidéiert gëtt duerch den Commissaire général oder sengem adjoint.

D’Thema vun der Renconter vun Beefort wor „Ze jonk, ze al oder „à point“: d’Altersstruktur bei den LGS“. Wat rechtfäerdegt d’Alterslimiten bei de LGS? Sinn déi nei Chef ze jonk? Sinn déi aal Chef zeideg fir an d’Pensioun? Am Kader vum RAP sinn eng Rei Froen un d’Gruppenekipp erugedroen ginn, déi mat de Chef a Gruppechef an diversen Ateliere ënnert deene verschiddene Gesichtspunkte beliicht goufen.

Präsent waren: d‘Commissaire générale Michèle Meyer, de Commissaire général adjoint Fränz Duhr an d’Gruppenekipp vun de LGS: Yves Marchi (Commissaire fir Gruppen),  Anouk Galassi (Adjointe),  Anne Muller, Claude Muller, Jean Thibo, Claude Pirsch, Marc Molitor, Romain Kremer. Des Weidere hu sech bedeelegt den Aumônier général vun de LGS Romain Kremer, de Formatiounscommissaire David Heck, d‘Commissaire fir d’Branche Ranger-Rover (17-21 Joër) Anne Blau a ronn 30 Gruppechef a Chef aus dem ganzen Land.

An deene vergaangenen zwee Joer gouf et véier Renconter: 2015 (Hierscht): Schëffleng – Thema „Flüchtlingskris“, 2016 (Fréijoer): Neihaischen – Thema „Go Urban 2017“ (groussen internationale Scoutscamp um Kierchbierg vum 18. bis den 28. Juli 2017 mat ongeféier 3.500 Participante; 2016 (Hierscht): Biekerech – Thema „PR bei den LGS; Ëmgang mat der Presse“ an elo virgëschter zu Beefort.

No de verschidden Ateliere gouf d’Conclusiounen am Kummelsbau virgedroen an nodeems de Buergermeeschter Camille Hoffmann e puer Wuert un d’LGS geriicht huet ass dee vun der Gemeng offréierten Éierewäin zerwéiert ginn.