D’Schwämm wéinst technesch Problemer zou

Déi Beeforter Schwämm ass bis op Weideres nach zou. Eigentlech sollt se de leschte Weekend erëm opgoen mais wéinst technesch Problemer an der Filteranlag wor dat nit méiglech. Et gëtt nach ëmmer op een Ersatzstéck gewaart an theoretesch soll dat Stéck den nächste Méindeg zu Beefort ukommen. Nodeems dat Stéck agebaut ass dauert et nach e puer Deeg bis alles funktionéiert. Beim Syndicat d’initiative et du tourisme hofft een, datt fir Päischten d’Diere vun der Schwämm op wäerte sinn.