Halerstrooss während dräi Woche gespaart

Vum nächste Méindeg, den 22. Mee, a bis viraussiichtlech e Freideg, den 9. Juni, wäert d’Halerstrooss gespaart sinn. Während den dräi Wochen gi verschidden Aarbechte gemeet an ënner anerem gëtt och un der Kräizung geschafft. Des Weideren ass och eng Knupp virgesinn a wéinst der Stroossespär ginn d’Busser ëmgeleet. Weider Informatioune stinn am Communiqué vum RGTR.