Holzstee mat Lietsch um „Kréiwenkel“

De leschte Samschdeg wor um „Kréiwenkel“ am Bësch eng Holzstee mat Lietsch. Op déi Plaz kënnt een ze Fouss vun der Picknicksplaz Kippiglay, déi tësche Beefort an dem Grondhaff läit. Vis-à-vis dovunner geet ët an de Bësch eran a weider hält ee sech de lénke Bëschwee.

Eng 15 bis 20 Leit wore moies um 10 Auer um Rendez-vous ewéi de Fierschter Marc Hoffmann mat der Holzstee ugefaangen huet. D’Holz staamt aus der Bewirtschaftung vum Gemengebësch an eemol am Joer, sou am Abrëll/Mee, gëtt eng Stee organiséiert. Dëst Joer si 64 Ster Bichenholz a 6 Ster Eechenholz ënnert den Hummer komm. Op de Steepräis kommen nach 8 Prozent TVA dobäi an am Ganze sinn esou 3.581,28 Euro (3.316 Euro ouni TVA) erakomm.

Ofgeschloss gouf d’Holzstee mat enger Lietsch, d.h. eng kleng Stäerkung mat engem Patt. E puer Andréck vun e Samsdegmoien: