Vandalismus a muttwëlleg Zerstéierung am Bësch

De Projet „Schlucht- und Hangmischwald“, deen zanter 2014 leeft, gouf kierzlech Affer vu Vandalismus a muttwëlleger Zerstéierung. Eng Plainte ass bei der Police gemeet ginn.

D’Administration de la nature et forêts huet an Zesummenaarbecht mat der Forstlichen Versuchs- a Forschungsanstalt Baden-Württemberg zwou Monitoringflächen an der Géigend hannert dem Beeforter Schlass installéiert. Dësen Deel vum Bësch gehéiert zu der „Natur 2000“-Zone, LU0001011-Vallée de l’Ernz noire / Beaufort / Berdorf, een europäescht Naturschutzgebitt.

Hei laanscht d’Huschbaach, tëschen dem Aleweier an dem Kléngelbour, sti Fichten, déi an Zukunft no an no sollen eweggeholl ginn, well se op dësem Standort nët heemesch sinn. Ideal wiere Edel-Lafbeem an duerch eng Klumpenplanzung (40 Beem beieneen mat enger Héicht vun ongeféier 100 Zentimeter) am Dezember 2015 sinn hei Bergahorn, Spitzahorn, Summerlannen, Mehlbeere, Weiden a Schwarzerle geplanzt ginn. Rondrëm d’Beem ass ee grénge Kuerf an dee verhënnert, datt d’Réi hei dru knabbere ginn. D’Entwécklung an de Fortschrëtt ginn all fënnef Joer dokumentéiert.

Wéi schonns gesot sinn déi jonk Beem vun onbekannte Leit erausgerappt ginn an och de Kuerf, deen d’Beem schützt, zerstéiert. Betraff sinn zwou Klumpenplanzungen, dat heescht ronn 80 Beem. Des Weidere gouf och d’Picknickbänk mam Dësch futti gemeet an an de Kléngelbour geheit. Dësen Akt vu Vandalismus ass der Police gemellt ginn an eng Plainte agereecht.

Zum Schluss nach ee klenge Hiweis: Am Bësch ass kee Feier erlaabt. Besonnesch zu dëser Zäit ass de Buedem zimlech dréchen – trotz dem Ree vun de leschten Deeg – an ee Fonke kann ee Bëschbrand ausléisen. D’Pompjeeë kënnen och nit mat hire Gefierer iwwerall bäikommen an esou kann aus engem klenge Feier ee grousst Feier entstoen.