Volle Programm op der Äispist

Op der Äispist wor de leschte Samsdeg eng weider lass. Moies um 9 Auer wor Training fir déi jonk Nowuessspiller vum Äishockeyclub ugesot, dee bis ongeféier 10.30 Auer gedauert huet. Nach éier d’Dieren um 11 Auer offiziell opgaange sinn hu sech déi éischt Schlittschungfrënn op der Äispist afonnt fir hirer sportlecher Aktivitéit nozegoen oder ee Gebuertsdag ze feieren. Dës Kéier wor allerdéngs um 17 Auer Feierowend.

Kuerz op 18 Auer wor d’Äispist fräi fir eng Ice-Skating-Show vu Metz, déi vum Syndicat d’initiative et de tourisme vu Beefort organiséiert gouf. Hei hunn déi jonk Dänzer an Dänzerinne gewisen, datt et och eng aner Versioun vum Äiskonschtlaf gëtt a wann eppes schif gaangen ass, da wor dat guer kee Problem: “The show must go on”.

Ee ganz interessanten a spannende Mätsch gouf um 21 Auer ugepaff. Hei huet den Tabellendrëtte Beefort géint den Tabellevéierten Olympia Heist gespillt. D’Gäscht aus der Belsch si relativ séier a Féierung gaangen an no 13 Minutte stoung et schonns 0:2. An der 15. a 16. Minutt huet d’Lokalekipp ausgeglach an 30 Sekonne viru Schluss vum éischten Drëttel wor Beefort 3:2 vir. Huet ee gemengt mat deem Resultat géif et an d’Paus goen, deen huet sech geiert. Sekonne virun der Siren ass den Ausgläich gefall.

Am zweeten Drëttel si keng Goler gefall an am leschten Drëttel sinn déi Beeforter fréizäiteg mat 4:3 a Féierung gaangen. D’Freed wor nitt vun allzelaanger Dauer an d’Gäscht hunn nitt nëmmen ausgeglach mais si hunn och nach de 4:5 geschoss. Dat Resultat sollt bis zum Schluss bleiwen. Den nächste Samsdeg um 20 Auer steet den nächsten Heemmätsch um Programm a Géigner dës Kéier sinn d’Bulldogs vu Léck.

Hei ass elo eng kleng Zesummefaassung a Biller vum Dag op der Äispist (leider nach nit an der richteger Reihefolleg) a weider Fotoe vun der Ice-Skating-Show ginn et op dësem Link a vum Äishockeymätsch op dësem Link.