Musek, Sport, Art a méi

Elo d’Fueszäit, déi fënneft Joreszäit souzesoen, gëtt haaptsächlech vun enger Zort vu Musek dominéiert an zwar vun der “Kölsche Musik”. “Bläck Fööss”, “Höhner”, “Brings”, “Kassala” a “Cat Ballou” gehéieren zu de bekanntste Vertrieder vun dëser Museksrichtung, déi och zu aneren Joreszäiten Halen, Concertssäll a Stadien fëllen. “Brings” hunn d’lescht Joer am Juni hei zu Beefort op der Äispist fir eng super Stëmmung gesuergt a mat “Cat Ballou” a “Kasalla” wäert et de 16. Juni op der nämmlechter Plaz am Kader vum Rock am Duerf sécherlech nit aneschters sinn. 

Rock am Duerf, Beefort on Stage an d’Oktoberfest sinn dräi Evenementer, déi vun der Asbl Paprikart organiséiert ginn. Paprikart gouf am Januar 2015 vun e puer Kollegen gegrënnt a si huet hire Sëtz zu Déiljen. D’Grondiddi ass fir Manifestatiounen hei zu Beefort ofzehalen an dat op der Äispist, déi ausserhalb vun der Wantersaison onbenotzt ass. Am éischte Joer goufen direkt zwou gréisser Manifestatiounen op d’Been gestallt: d’Oktoberfest an de Concert mat der Kultband “City”, déi no 1983 erëm zu Lëtzebuerg opgetruede ass. D’lescht Joer stoungen am Juni d'”Brings” an am September “Rust & Dust”, “Staubkind”, “Luxuslärm” a “Purple Souls” op der Bühn. Och eng drëtt Editioun vum Oktoberfest gouf organiséiert.

Am Fréijoer ass Rock am Duerf ugesot an de Schwéierpunkt läit op der “Kölsche Musik” während beim Beefort on Stage am Hierscht déi typesch Rockmusek am Mëttelpunkt steet. Wéinst de Sécherheetsbestëmmungen kënnen op der Äispist maximal 1200 Leit sinn, Leit déi hëllefe matabegraff. Zesummegeschafft gëtt mat de Veräiner aus der Gemeng an dat Ganzt zesummen ass nit nëmmen eng gutt Reklamm fir d’Duerf mais och fir d’Äispist mat dem eenzegaartegen Dach an der ganzer Groussregioun. D’Oktoberfest ass mëttlerweil zum feste Bestanddeel vum Programm ginn an d’Editioun 2017 ass fir de 16. September virgesinn.

Am Logo vun der Paprikart asbl befanne sech nieft der Musek och nach Sport an Art (Konscht). Dat sinn déi weider Etappe vun der Asbl an et gi scho verschidde Pläng op dësem Gebitt mais bis dohinner läit d’Konzentratioun ganz op der Musekszeen. Et dierft ee gespaant sinn op déi weider Programmatioune vun der Paprikart Asbl.