Belounung fir eng gutt Zensur a gepackten Examen

Gëschter Owend haaten um 18 Auer eng Rëtsch Schüler a Studenten aus der Gemeng Beefort ee Rendez-vous op der Gemeng. Fir hir gutt Zensuren am leschte Schouljoer resp. datt se den Examen gepackt hu kruute se vum Lily Scholtes a Camille Hoffmann ee Subsid iwwerreecht. Am Ganze woren 58 Jugendlecher a jonk Erwuessener, déi eng finanziell Ennerstëtzung kritt hunn, an de Gesamttotal vu den Subsidien beleeft sech op 5.875 Euro. Belount goufe folgend Leeschtungen: siwen Universitéitsdiplomer, 22 Primes d’encouragement (Joresmoyenne tësche 40 a 44 Punkten), 18 Primes de mérite (Joresmoyenne iwwer 45 Punkten), fënnef Primes unique (Première/Treizième mat enger Moyenne ënner 40 Punkten), véier Primes unique a primes d’encouragement (Première/Treizième mat enger Joresmoyenne tësche 40 a 44 Punkten an zwou Primes uniques mat enger Prime de mérite (Première/Treizième mat enger Joresmoyenne iwwer 45 Punkten).