De Budget 2017 gouf eestëmmeg ugeholl

Präsenzen (8/8): Camille Hoffmann, Lily Scholtes, Emile Wies, Cindy Pereira, Jean-Paul Post, Andreza Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Romain Thielen.

Genau wéi an der Gemengerotssëtzung vum 15. November goufen an der leschter Gemengerotssëtzung vum Joer (Méindeg, den 19. Dezember) sämtlech Punkte vum Ordre du jour eestëmmeg ugeholl. Et gouf keng eenzeg Géigestëmm oder Enthalung verzeechent.

Bei „Mitteilungen des Schöffenkollegiums“ wor d’Spuerkeess d’Haaptthema. Bekanntlech gehéiert och Beefort zu den Agencen, déi zum 1. Juli 2017 zou wäerte sinn. De Schäfferot wäert déi gängeg Banke vu Lëtzebuerg uschreiwen, datt ee méigleche Nofolger sollt fonnt ginn.

Ënner Punkt 1 belafen sech d’Gesamteinnahmen op 1.287.668,96 Euro. Déi folgend Tableaue faassen de rektifizéierte Budget 2016 an d’Budgetvirlag 2017 zesummen. Fir de Budget am Gläichgewiicht ze hale gouf de 7. Februar 2014 een Emprunt vun dräi Milliounen Euro gestëmmt, deen allerdéngs nach nit benotzt gouf. Am Budget 2017 läit dës Recette extraordinäre bei 5,5 Milliounen Euro. Sollten d’nächst Joer méi wéi dräi Milliounen Euro néideg sinn fir déi verschidde Projeten ze finanzéieren, da ginn nach eng Kéier 2,5 Milliounen zousätzlech ugefrot. Zu den Haaptausgaben gehéiert ë.a. déi nei Spillschoul, déi an leschter Sëtzung beschloss gouf.

Bei den Müllabfuhrtaxen gouf de Sperrmüll ugepasst. Verrechent gëtt net méi op de Kubikmeter mais op de Kilo an hei beleeft sech den Tarif op 0,35 Euro pro Kilo. Guttgeheescht gouf och déi strategesch Umweltprüfung, déi elo virum PAG soll duerchgefouert ginn an grad esou ewéi d’Beschlëss vum Sozialamt. No fënnef Joer geet den 31. Dezember 2016 dem Marc Reckinger säi Mandat als Delegéierten beim Office Social Régional op een Enn. Hie wor den den eenzege Kandidat an an enger Geheimwahl gouf säin neit Mandat eestëmmeg ugeholl.

Eng Immobilientransaktioun mat der Kierchefabréck Déiljen gouf genehmegt. Hei ass et ëm ee Kierchewee fir op d’Kierfecht gaangen, deen zanter Joerzéngten nit méi benotzt gouf an an der Tëschenzäit zougebaut gouf. Zum Schluss gouf nach een ausseruerdentleche Subsid un de Syndicat d’iniative et du tourisme an Héicht vun 250.000 Euro fir datt de Bloc sanitaire an der Schwämm de Virschrëften entsprécht.