IHCB – Antwerp Phantoms 8:1

Et huet mat enger kaaler Dusch ugefaangen an duerno wor et ganz kloer, d’Resultat vu gëschter Owend. No 1:52 Minutte stung et 0:1 fir d’Gäscht aus Antwerpen mais zum Schluss vum éischten Drëttel woren déi Beeforter 2:1 vir. Am zweeten Drëttel si zwee weider Goaler fir den IHCB gefall an am leschten Drëttel der suguer véier. Zum Schluss stung et dann 8:1 fir d’Lokalekipp. Weider Detailler zum Mätsch fënnt um Site vun der belscher Äishockeyfederatioun an hei ass eng Fotogalerie vum Mätsch.