IHCB – Haskey Hasselt 7:6

Nodeem de leschte Samsdeg den IHCB mat 6:9 géint Cold Play Sharks vu Mechelen verluer konnten déi Beeforter Äishockeyspiller gëschter Owend mat 7:6 géint Haskey Hasselt gewannen. Elo sti se mat sechs Punkten an 21:21 Goaler op der sechster Plaz an der Tabell.

Et woren nach keng zwou Minutte gespillt da stoung et schonns 0:1 fir d’Gäscht. Annerhallef Minutte méi spéit huet de Ben Houdremont ausgeglach an den nämlechte Spiller huet seng Ekipp a Féierung bruecht. Et huet nit laang gedauert bis de 2:2 gefall an nach manner huet et gedauert bis déi Beeforter duerch de Marek Holy 3:2 vir woren. Mat deem Resultat goung et an déi éischt Paus vum Mätsch.

Am zweeten Drëttel konnten d’Gäscht fir sech entscheeden. Aus engem 3:2 gouf et een 3:4. De Benny Welter huet tëschenduerch op 4:4 ausgeglach mais Haskey Hasselt huet et awer fäerdeg bruecht fir mat engem 4:5 an déi zweet Paus ze goen.

Am leschten Drëttel huet d’Heemekipp duerch Goaler vum Benny Welter a Marek Holy (zwee Mol) aus engem 4:5 eng 7:5-Féierung gemeet. Obwuel Haskey Hasselt zwou Minutte viru Schluss op 7:6 verkierze konnt ass hinnen zum Schluss den Ausgläich nit gelongen.

Den IHCB spillt déi nächst zwee Weekender auswäerts, fir d’éischt géint Gullegem Jets (5. November) an duerno Cold Play Sharks Mechelen (12. November). Eréischt den 19. November spillt den IHCB virum eegene Publikum an da kommen d’Leuven Chiefs op d’Äispist.