Rock am Duerf 2016

De leschte Samschdeg, de 24. September, stoung mam “Rock am Duerf” op der Äispist ee weidert musikalescht Highlight zu Beefort um Programm. Am Géigesaz zu de “Brings” am Juni dës Joer hu sech nëmmen e wéineg Leit afonnt fir “Rust & Dust”, “Staubkind”, “Luxuslärm” a “Purple Souls” ze lauschteren a kucken. Firwat dat de Fall konnte sech d’Organisateuren (PaprikArt) nit erklären obwuel se genuch Reklamm gemeet hätten. Schued eigentlech well déi wéineg Leit, déi do woren, konnte sech vun der gudder Musek deen Owend verwinne loossen. Ursprénglech sollt dee Concert den Dag no “Brings” ofgehale ginn.

rockdust

Agelaut gouf den Owend eppes kuerz op 19 Auer vun der Grupp oder besser gesot vum Duo “Rust & Dust”, déi sichtlech Spaass bei hirem Optrëtt haten. De Rusty Dan (Gittare) an de Dusty Phil (Batterie) hunn ee raschtegen a stëbsege Rock’n’Roll virgedroen. Op jidde Fall hunn déi zwee Museker, déi zanter Dezember 2015 zesummen optrieden, fir eng flott Aleedung gesuergt hunn.

staubkindDen éischten Highlight vum Owend wor dann d’Grupp “Staubkind” aus Berlin. Gegrënnt gouf d’Grupp vum Sänger a Gittarist Sven Louis Manke, deen aus Dresden kënnt. Bis 2009 wor hire Museksgenre Dark Rock an aktuell spillt d’Grupp Pop-Rock an Deutschrock. Den éischten offiziellen Optrëtt vu “Staubkind” ass op den 31. Januar 2004 datéiert. Puer Méint méi spéit, den 3. Abrëll 2004, stounge se am Virprogramm vun der Band “Unheilig” am Sommercasino zu Basel an der Schwäiz. “Unheilig” mam Sänger “Der Graf” dierft ville Museksfrënn ee Begrëff sinn an och nach haut op hirer Abschiedstournee steet “Staubkind” am Virprogramm. Hiren éischte Festival-Optrëtt wor dat nämlecht Joer beim 13. Wave-Gotik-Treffen zu Leipzig. Den aktuellen Album “Alles was ich bin”, deen 2014 erauskomm ass, huet sech bis op déi aachte Plaz an den däitsche Charts plazéiert. Den neien Album wor fir de spéide Summer geplangt mais dorausser ass näischt ginn, grad esou ewéi hir Hierschttour, déi elo an de Fréijoer verluecht ginn ass.

Luxuslärm

No “Rust & Dust” a “Staubkind” gouf et da sou ee richtege Kaméidi an zwar mat “Luxuslärm” aus Iserlohn. Virun zéng Joer hu si sech gegrënnt a mat iwwer 250.000 verkaaften Alben gehéiere si zu den erfollegräichsten däitsche Gruppen aus deem Joerzéngt. Vun de fënnef Grënnungsmemberen ass haut nach just d’Sängerin Janine “Jini” Meyer iwwreg bliwwen. Viru kuerzem huet hat sech privat vum Jan Zimmer (Batterie) getrennt an esou koum den 9. August dann déi vill Fans iwwerraschend Nouvelle, datt “Luxuslärm” sech Enn dës Joers opléise wäert. Nach am Mäerz dëst Joer huet de Grupp, deen am Genre Pop-Rock a Schlager ze fannen ass, den Album “Fallen und Fliegen” erausbruecht, dee bis et op déi néngte Plaz an den däitsche Charts gepackt huet. An dem Album ass souguer een Duett mam Max Mutzke opgeholl ginn.Verglach mat der Foto op de Plakater vum “Rock am Duerf” ass däitlech ze erkennen, datt d'”Jini” relativ vill ofgeholl huet a bal nit erëmzëerkennen ass. Op jidde Fall stécht immens vill Power an der 33 Joer jonker Sängerin. Nit manner beandrockend wor och de Gittarist Freddy Hau.

Purple Souls

Jo et wor kal, fir verschidde Leit ganz kal souguer. Nom Héichpunkt vum Owend mat “Luxuslärm” hunn déi meeschte Leit de Site op der Äispist verlooss an et wor kee schéint Bild fir “Purple Souls” aus Éisträich. 2009 hu sech déi jonk Borschte aus Salzburg entscheet hirer laangjäreger Frëndschaft eng musikalesch Nout ze ginn an esou koum et zu der Grënnung vun der Band. D’lescht Joer, de 14. Mee 2015, huet d’Grupp virun iwwer 100.000 Leit gespillt. Deemools wore se d’Virgrupp vun AC/DC bei hirem Optrëtt zu Spielberg…

Weider Fotoe vum Owend ginn ënnert dem folgende Link bei jopix.eu.

Leave a Reply