In flagranti dilettanti

De Vakanzeclub Belforte zu Rimini huet sech als ee klenge Geheimtipp vun der Beeforter méi héijer Gesellschaft erauskristalliséiert. Aneschtes kann ee sech net erklären, datt déi bestuete Buergermeeschtesch Claudia Heinen (Klodin Gremling) mat hirem Frënd an Entrepreneur Carlo Mahnen (Patrick Goetzinger) hei e puer fräi Deeg virum Walkampf genéisse wëll.

Wéi den Zoufall et wëll mécht och d’Coiffeuse aus dem Duerf Danni Schmidt (Jenny Kiessling) mat hirem Frëndchen Menni (Quentin Fontaine) hei Vakanz an de Chaos gëtt perfekt ewéi der Buergermeeschtesch hire Mann, de Jean-Claude Heinen-Claus (Josy Lenertz) op eng Kéier optaucht. Selbstverständlech ass och an dësem Club fir Animatioun gesuergt. Den Enzo (Dario Ballanti) huet d’Gerty (Sonja Switala) an Tina (Livia Heinen) méi wéi nëmme verwinnt.

Dës Acteure vun den Theaterfrënn Beefort hu wärend dräi Deeg “In flagranti dilettanti” am Kummelsbau opgefouert. D’Stéck an dräi Akte gouf vum Winnie Abel geschriwwen an de Roby Zenner huet dovunner eng lëtzebuergesch Versioun verfaasst. Ënnerstëtzt goufen d’Acteure vum Rieneke Cruchten an der Flüsterkëscht a vun alle Veräinsmemberen.