“Luxembourg Classic” zu Beefort

No der erfollegräicher Première d’lescht Joer huet “Motor Presse Stuttgart” déi zweet Editioun vun de “Luxembourg Classic” organiséiert. Dëse Verlag bedreift ënnert anerem de Magazin “Auto Motor Sport”. De weltbekannte Rallyefuerer Walter Röhrl, deen d’lescht Joer un der Rallye deelgeholl huet, war därmoosse vun de Stroossen, Kéieren a Landschafte begeeschtert, datt enger zweeter Editioun näischt méi am Wee stoung.

An de spéide Moiesstonnen huet sech den Niwwel verzunn. D’Sonn an de bloen Himmel hunn d’Hierschtlandschaft ronderëm d’Beeforter Schlässer an eng Märecherslandschaft verwandelt. Nom obligatoresche Stempel um Kontrollpunkt goung et weider erop laanscht d’Schéiferei. Bei dëser Geleeënheet war et an den Ouere vun de Kenner een echte Genoss d’Kraaft an de Sound vun den deemolege Motoren ënnert dem Capot ze héieren.

De Passage vun der Rallye a Biller: