“To reach peace, teach peace”

De “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” huet de leschte Samschdeg fir déi 28. Kéier un d’Rundstedtoffensiv, déi de 16. Dezember 1944 ugefaangen huet, erënnert. Wéinst der deemoleger Situatioun ass d’lescht Joer d’Gedenkfeier ausgefall an dës Kéier gouf se ënnert dem 2G-CovidCheck-Regimm mat enger reduzéierter Bedeelegung gehalen.

Nom Rendezvous bei der Kierch goufe Blumme bei der Tafel vun de GI un der Kierchemauer a virum Monument aux Morts fir d’Verstuerwen aus dem Zweete Weltkrich geluecht. Bei dëser Geleeënheet hunn de Buergermeeschter Camille Hoffmann an de Pepijn M. Helgers (“Chief political and economic section” vun der amerikanescher Ambassade zu Lëtzebuerg) un déi deemoleg schwéier Zäit souwuel fir d’Zaldoten an och d’Awunner erënnert. Wärend der Ardennenoffensiv war Beefort tëschen de Fronten agekesselt a gouf bei de Kämpf vun alle Säite getraff. 19 Beeforter sinn direkt oder un de Suite vun dëse Bombardementer gestuerwen.

An der vum Aumônier Nicolas Wenner a Paschtouer Carlo Morbach konzelebréierter Mass gouf nach eng Kéier un déi deemoleg Befreier geduecht a Parallelle mat der haiteger Zäit gezunn. A gudder Erënnerung dierft de Saz “To reach peace, teach peace” bleiwen. Als Merci un d’amerikanesch Frënn gouf d’Gebiet “Onse Papp am Himmel” och op amerikanesch virgedroen. Musikalesch encadréiert gouf d’Mass vun de Chorale Sainte Cécile Beefort souwéi “Sang mat Waldbëlleg-Haler”.

Weider Blumme goufe bei de Kräizer vun de GI beim Kummelsbau an zum Ofschloss virun der Stèle vum T/Sgt Bob Hebert um Schéidbierg geluecht. Bei de verschiddenen Zeremonien huet den Edmond Faber ënner anerem folgend Lidder op der Trompette gespillt: d’Sonnerie aux Morts, “Stille Nacht”, “The Last Post – The Star of Spangled Banner” an d’Heemecht.

Zum Ofschloss vun der Gedenkfeier huet d’Gemeng Beefort am Kummelsbau den Éierewäin offréiert an de “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” huet sengersäits nom Mëttegiessen nach e puer flott Stonne verbruecht.