Optakt vum drëtte Beeforter Theaterfestival

“Fichu spectre”, dat éischt vum Nathalie Hovasse geschriwwe Stéck, huet de leschte Freideg am Kummelsbau déi drëtt Editioun vum “Festival de Théâtre de Beaufort” opgemaach. D’Mise en scène an d’Adaptatioun gouf vum Elisabeth Chuffart gemeet an d’Schauspillerin war deen Owend an net manner ewéi sechs verschidde Rollen aktiv. Nieft dem Elisabeth Chuffart huet den Norbert Rutili déi aner Haaptroll gespillt.

“Un « Fichu spectre » sensible et vivant – Une création remarquable en ouverture du Festival de Théâtre de Beaufort” ass d’Iwwerschrëft vun der éischter Säit vun der Kulturrubrik vum Lëtzebuerger Wort vum 7. September . D’tragikomescht Stéck a franséischer Sprooch behandelt een delikat Thema an zwar den Alter, déi lescht Jore vum Liewen. Wat spillt sech alles am Gehir vum Jules-Gabriel of? D’Erënnerungen an Iwwerleeungen, Gedanken, déi kleng Pleséier vum Liewen, mat all dësen Theme gëtt sech auserneegesat, déi den Zuschauer zum Nodenke bréngen.

De Public huet d’Opféierung an déi exzellent schauspilleresch Leeschtung vum Elisabeth Chuffart an Norbert Rutili mat engem fermen Applaus gewierdegt an och d’Nathalie Hovasse, dat sech ofschléissend op der Bün gewisen huet.

“Wa 4 sech streiden” stoung e Samschdeg a Sonndegowend um Programm mat enger spezieller Opféierung Samschdegmëttes fir d’Beeforter Senioren. D’Stéck vum Wolfgang Binder a Mise en scène vum Pierre Alzin gouf vun de véier Lokalmatadore vun de Beeforter Theaterfrënn gespillt: Claudine Gremling, Jenny Kiessling, Patrick Goetzinger an Dario Ballanti.

D’Vakanzebekanntschaft vun den zwou Koppelen ass an der Tëschenzäit ofgekillt an déi vun Ufank un gereizte Stëmmung beim gemeinsamen Owend erlieft hiren Héichpunkt ewéi “So d’Wouerecht” gespillt gëtt. D’Gestëppels an déi verschidde Meenunge féieren zum engem décke Kaméidi an de Publikum konnt dat Ganzt genësserlech verfollegen an dobäi gutt laachen. An der Pësperkëscht huet d’Margot Flammang dofir gesuergt, datt déi véier Acteuren de lëschtege Fuedem net verluer hunn.

Hannert der Organisatioun vum Beeforter Theaterfestival steet den Eric Feront mat senger Ekipp. Weider geet et déi nächst Woch um Beeforter Schlass an de Programm steet am Agenda vu beaufort.lu an och an der neier Beeforter App, déi fir Android an iOS disponibel ass.