Ee flotten Dag fir d’Muppen

No der erfollegräicher Première d’lescht Joer war och dëst Joer um leschten oppenen Dag vun der Schwämm rëm fir d’Muppe reservéiert. A grad esou ewéi d’lescht Joer war och dës Kéier deen Dag ee vun de beschte Summerdeeg. Ideal Bedingunge fir den zweete Muppeschwammdag, dee vum Syndicat d’initiative et du tourisme organiséiert gouf.

An dräi Schichten vu jeeweils zwouanenghallef Stonnen hu sech tëschen 10.00 an 18.30 Auer am Ganze ronn 600 Leit an 330 Muppen an der Schwämm afonnt. Méi Leit an Hënn hunn déi aktuell Covid-19-Mesuren net zougelooss. Bannen dräi Deeg ware sämtlech Entréesbilljeeë fir d’Muppen an hir Meeschteren a Meeschtesch ausverkaaft.

Net nëmmen d’Mënsche verléieren Hoer am Waasser mee och d’Hënn. Dowéinst gëtt de Muppeschwammdag de leschten Dag vun der Saison vun der Beeforter Schwämm organiséiert. Dofir solle speziell Siften de gréissten Deel vun den Hoer aus dem Waasser opfänken éier d’Waasser duerch d’Filtere leeft. Op jidder Fall gëtt de Basseng virun der Ouverture am nächste Joer eidel lafe gelooss, gebotzt a mam frësche Waasser opgefëllt.

Ofschléissend sief drop higewisen, datt am Laf vum Dag de Syndicat d’initiative et du tourisme een Deel vun Erléis vum Muppeschwammdag gespent huet. De Gaasperecher Déierenasyl konnt ee Schéck an Héicht vun 1.000 Euro entgéinthuelen.