14.500 Maske verdeelt

De leschte Freideg géint 13.30 Auer krut d’Gemeng Beefort ronn 14.500 Maske vum CGDIS geliwwert. Am Laf vum Nomëtteg huet d’Gemengepersonal d’Masken an d’Informatiounsblieder an Tuten agepaakt a preparéiert. All Persoun, déi an der Gemeng Beefort offiziell ugemellt ass, huet gratis fënnef Maske kritt.

Den Dag drop wor um 10 Auer Rendezvous. D’Gemengepersonal a Membere vum Beeforter Centre de secours et d’incendie hu bannen dräi Stonnen déi ronn 14.500 Masken un d’Awunner vu Beefort, Déiljen a Grondhaff verdeelt.

Ee grousse MERCI a Bravo u jiddereen, deen un dëser Aktioun deelgeholl a matgeschafft huet.