De Kiermesweekend a Biller

Nom grousse Succès d’lescht Joer huet déi berodend Kommissioun vun der Integratioun vun der Gemeng Beefort och dëst Joer een Hämmelsmarsch zesumme mat de Beeforter Leit a Veräiner organiséiert. Um Kiosk gouf uschléissend mat Kiermesham, Kiermeskuch, Kiermesdrëpp, Animatioun a Musek mam Romain Thielen de Kiermesweekend offiziell agelaut.

Samschdes a sonndes ass beim Kiosk de Stock vu Floumaartartikele vun der Amicale Beefort opgeléist ginn. Dobäi konnt jidderee bezuele wat hie wollt an den Erléis war fir ee gudden Zweck bestëmmt. Sonndes huet de Syndicat d’initiative et du tourisme zesumme mat de Veräiner de Kiermesmaart op d’Been gestallt während d’Elterevereenegung op hire mëttlerweil traditionelle Kannerfloumaart invitéiert huet.

D’Wieder huet dës Kéier nët ganz matgespillt an zemools sonndes huet et ee Stréch duerch d’Rechnung gemeet. Glécklecherweis huet sech de Reen beim Hämmelsmarsch zréckgehalen. Keen Afloss hat d’Wieder op d’Ausstellung an der Schoul. Während dem ganze Weekend hu Kënschtler a Fotografen aus Beefort do hir Wierker ausgestallt.

Fir de Programm vum Weekend ze vervollstännegen huet de Generatiounsgaart nieft der Kierch op eng Porte ouverte agelueden. An dësem Kader ass de Gaart dann och offiziell ageweit ginn.