Kee Schlassfest dëst Joer?

Et gesäit ganz duerno aus, datt fir déi éischte Kéier zanter 1980 dëst Joer kee Schlassfest zu Beefort wäert stattfannen. Am Virfeld vun der Generalversammlung vun der Amicale Beaufort hunn e puer Comitésmemberen hir Demissioun ugekënnegt an doduercher kann de Veräin net méi sou funktionéieren ewéi bis elo.

Zoustänneg fir d’Organisatioun vum Schlassfest war d’Amicale Beaufort, déi 1978 gegrënnt gouf. De Sënn an Zweck vun der Amicale Beaufort ass et Mënsche finanziell ze ënnerstëtzen, déi duerch eng Behënnerung, schwéier Krankheet oder sozial Noutlag  besonnesch Bedierfnisser hunn. Ausserdeem soll d’Vereenegung professionell oder éierenamtlech Persounen oder Organisatiounen ënnerstëtzen, déi sech fir dës Leit asetzen. Am Virfeld gëtt de konkrete Verwendungszweck uginn an och beluecht. De Benefice vun der Amicale gëtt nëmme gespent wann een zu honnert Prozent weess wou déi Suen higinn. Déi lescht grouss Spent war virun zwee Joer. Ee speziellen Trike am Wäert vu bal 5.000 Euro gouf iwwert d’Fondatioun Wonschstär un eng gehbehënnert an elengerzéiend Mamm iwwerreecht. Dësen Trike benotzt d’Fra fir den Alldag ze meeschteren awer och un speziell Sportsmanifestatiounen deelhuelen ze kënnen.

D’Einname vun der Amicale setze sech zesummen aus der Organisatioun vum Schlassfest, zesumme mat fräiwëlleger Ënnerstëtzung vu Veräiner an eenzel Persounen an et kënnen och aner Manifestatioune sinn. Een aneren “Akommes” ass de Floumaart, dee während dem Schlassfest organiséiert gëtt an och op aner Floumäert an der Regioun. Des Weidere gi Charity-Tickete mat Gratistombola virum a während dem Schlassfest verkaaft.

Dëst Joer gëtt rëm een Don gemeet an op der Generalversammlung e Freideg, den 12. Abrëll, um 20 Auer am Kummelsbau gëtt ee dann och gewuer wou d’Sue higinn. Am Virfeld vun dëser Generalversammlung hunn e puer Comitésmemberen hir Demissioun ugekënnegt an doduercher kann d’Amicale net méi funktionéieren ewéi bis elo. Dowéinst gëtt een Opruff gemeet fir Leit ze fannen, déi sech géife fir dësen Zweck asetzen an och d’Schlassfest ze organiséieren.

D’Keess gëtt net ganz opgeléist oder komplett gespent. Et bleift ee Fong iwwereg, déi et der neier Ekipp erméiglecht d’Schlassfest oder aner Aktivitéiten ze organiséieren. Weider Informatioune ginn et bei der Amicale ënnert der E-Mail-Adress amicalebeefort@gmail.com. Als Rappell nach eng Kéier den Datum vun der Generalversammlung: Freideg, den 12. Abrëll, ëm 20 Auer am Kummelsbau. D’Amicale huet och hiren eegenen Internetsite an hei ee Video mat der Geschicht vum Schlassfest.

Ee puer Andréck vun 2017