Een 9:3 virun iwwer 500 Zuschauer

Iwwer 500 Zuschauer hu gëschter Owend d’Victoire vun de Beaufort Knights géint Charleroi Red Roosters gesinn. Virum éischte Bully vum Davis-Cup-Kapitän Gilles Muller gouf, wéi et an der amerikanescher Äishockeyliga d’Traditioun ass, d’Nationalhymn gesongen.

D’Gäscht aus Charleroi sinn an der néngter Minutt mat 0:1 a Féierung gaangen an et war de Kevin Grönlund, deen op Assist vum Benny Welter a Mirko Mosr an der 16. Minutt konnt ausgläichen. Zwou Minutte méi spéit huet de Brian Schleimer no enger Virlag vum Claude Mossong op 2:1 erhéicht.

Nom traditionelle Puckspill an der éischter Paus goung et am zweeten Drëttel ganz séier. No véier Minutte loungen d’Knights duerch ee Goal vum Thierry Holtzem op Assist vum Mirko Mosr 3:1 vir. Dréi Minutte méi spéit huet de Claude Mossong Dank der Virlag vum Nicolas Mossong a Brian Schleimer de 4:1 geschoss. De 5:1 huet de Brian Schleimer no Virlage vum Claude Mossong an der Schlussminutt geschoss.

Beim leschten Heemmätsch vun der Saison gouf an der zweeter Paus de Zuschauer ee Ritterkampf gebueden a kämpferesch ass et am leschten Drëtter weidergaangen. Nom 6:1 duerch de Benny Welter (Assist Claude Mossong a Ryan Widmar) konnten d’Gäscht nach op 6:3 verkierzen. D’Äntwert vun de Beeforter koum prompt. De Claude Mossong (Assist Kevin Grönlund), Thierry Holtzem (Assist Chris Meyers a Ben Meyers) an de Benny Welter (Assist Eric Wambach a Ryan Widmar) hunn d’Resultat op 9:3 erhéicht.

Zum Schluss hu sech d’Spiller bei hire Fans bedankt an d’Party goung mam traditionelle véierten Drëttel weider. Beim leschte Mätsch vun der Saison e Samschdeg, den 30. Mäerz, gëtt ee Fanbus organiséiert. Wien op Antwerpen well matfueren, dee soll sech beim Danielle Kraus ënnert der Nummer 621 451 635 mellen.